Sam Bernard

Author's posts

CANCELLED: Soirée d’Information sur la Psychologie

Léif Memberen, Schüler, Elteren a soss Interessenten, Mat groussem Bedaueren huet de Comité vun der ALEP sech haut dozou entscheede missen, d’Soirée d’Information sur la Psychologie vum 27. Mäerz 2020 ofzesoen. Opgrond vun den aktuellen Oplage vum Gesondheetsministère, an den europawäite Recommandatioune fir de Kampf géint de Coronavirus, si mir zu dem Entschloss komm, dass …

Continue reading

Assemblée Générale Ordinaire 2019 – d’ALEP huet en neie Comité!

De 19. Oktober huet déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP nees an de Gebailechkeete vun der Uni um Belval stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu President an Tresorière Revue passéiere gelooss gi war, huet eise scheedende President, de Sam Bernard, e klengen Ausbléck op dat neit Joer ginn ier et …

Continue reading

Rengvierliesung op der Uni Lëtzebuerg

D’Universitéit Lëtzebuerg organiséiert zesumme mat der SLP eng Virliesungsrei zur Thematik Sucht und Abhängigkeit (vum 17.10. bis 19.12.2019 jeeweils Donneschdes um 17.00 Auer) um Campus Belval. Sucht an Ofhängegkeet stellen eng grouss Erausfuerderung fir déi psychologesch Fuerschung a Behandlung duer. Agebett an déi nei Fuerschungsprioritéit «Gesondheet» un der Uni Lëtzebuerg, informéieren a beriichten Expert’en iwwert de status quo …

Continue reading

«Q&A – Psychotherapie zu Lëtzebuerg» elo online

Iwwert d’Summerpaus hin, huet d’ALEP sech mam Thema vun der Psychotherapie hei am Grand-Duché befaast. Ziel heivunner war et, an Zesummenaarbecht mat Professionellen, fir Studenten op enger Platz d’Informatiounen zur Psychotherapie zesummen ze droen. Well sech dëst Thema an engem aktive Prozess befënnt, leeë mer vill Wäert dorobber, dës Informatiounen esou aktuell a komplett  wéi …

Continue reading