Léif ALEP-Memberen a Frënn, Déi 60. Editioun (yay Jubiläum!) vum Psycho-lo steet virun der Dier. Op Member oder Net-Member*, sidd dir all rëm häerzlech wëllkomm, ären Input mat an de Psycho-lo eranzebréngen. Wann dir also äert Wëssen oder Erliefnisser anere Membere matdeele wëllt, kennt dir eis ee flotten Artikel/Essay oder ee Bericht iwwert ee Stage deen dir gemaach hutt, …
ALEP Comité 2022-2023
D’ALEP huet een neie Comité! Den 22ten Oktober huet déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP nees an de Gebailechkeete vun der Uni um Belval stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu Presidentin, Sekretärin a Tresorier Revue passéiere gelooss gi war, ass d’Decharge vum alen an uschléissend d’Wiel vum neie Comité gemach gi …
D’Studentefoire 2022
Och dëst Joer wäert d›ALEP erëm mat engem Stand op der Studentefoire vertruede sinn, déi dëst Joer um Campus Belval am Maison des Arts et Etudiants («Golden Cube») stattfanne wäert. Wann dir interesséiert sidd vu Studenten a Studentinnen déi grad Psycho studéieren, méi iwwert de Studium ze héieren, kommt gären de 27. an 28. Oktober vun …
ALEP sicht Comitésmemberen!
Mir sichen dech! Léif Memberen, Mir sichen den Ament nei motivéiert Comitésmemberen (m/w/d) déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Dëst gëtt Iech d’Méiglechkeet Iech selwer an Är Iddien aktiv an der ALEP – Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie anzebrengen an eis Veräin ze ënnerstëzen. Verschidde Posten sinn am Moment op fir déi Dir Iech …
SLP Pecha Kucha Owend
De 12. Oktober war am Kader vun der nationaler Woch vun der psychescher Gesondheet ee Pecha Kucha Owend vun der Société Luxembourgeoise de la Psychologie (SLP) am Kinepolis Kierchbierg organiséiert ginn. Bei engem Pecha Kucha gi kuerz a knackeg Presentatioune gehalen déi just 6min40 daueren (20 Sekonne x 20 Slides). An dësem Fall hunn Betraffener a Professioneller Präsentatiounen zum Sujet …