«Q&A – Psychotherapie zu Lëtzebuerg» elo online

Iwwert d’Summerpaus hin, huet d’ALEP sech mam Thema vun der Psychotherapie hei am Grand-Duché befaast. Ziel heivunner war et, an Zesummenaarbecht mat Professionellen, fir Studenten op enger Platz d’Informatiounen zur Psychotherapie zesummen ze droen. Well sech dëst Thema an engem aktive Prozess befënnt, leeë mer vill Wäert dorobber, dës Informatiounen esou aktuell a komplett  wéi …

Continue reading

Rapport: Soirée d’Information sur la Psychologie 2019

Den 29. Mäerz huet erëm eis traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie am Haaptsëtz vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg stattfonnt. Eng ronn 120 Schüler, Studenten, Elteren a soss Interesséierter haten sech afonnt fir sech iwwert de Psychologiestudium ze informéieren an eppes iwwert d’Diversitéit vum Beruff vum Psycholog gewuer ze ginn. Den Owend gouf …

Continue reading

Soirée d’Information sur la Psychologie 2019

29. Mäerz 2019 um 19h00 Siège social vun der BGL BNP Paribas Kirchberg, 50, avenue J-F Kennedy, L-2951 Luxembourg  D› ALEP invitéiert iech alleguer häerzlech op hir traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie, déi dëst Joer den 29. März ab 19:00 Auer am Haaptsiège vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg (50, avenue J-F. Kennedy, …

Continue reading

SLP Annuaire

Wosst dir schonn, dass eise Partner d’SLP (d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie), op hierem Internetsite en  Annuaire vun de Psychologen a vun den Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg ageriicht huet?  D’SLP garantéiert dat all do agedroenen Member iwwer déi néideg akademesch Ausbildung verfügt an sech verpflicht huet, den SLP Ethik Code ze respektéieren. D’Aschreiwung an dësen Annuaire kann …

Continue reading

Rapport: Assemblée Générale ordinaire 2018

De 27. Oktober huet erëm déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat de Rapport’en vu President, Sekretär an Tresorière Revue passéiere gelooss gi war, huet eise Presi, de Sam e klengen Ausbléck op dat neit Joer ginn, ier et dunn em d’Decharge vum alen an uschléissend em d’Wiel vum neie Comité gaangen ass. Mir freeën eis, iech heimat de …

Continue reading

Assemblée Générale Ordinaire 2018

Léif Memberen, D’ALEP freet sech, iech op seng jäerlech Assemblée Générale Ordinaire zu invitéieren, déi dëst Joer de 27. Oktober um 15h00 an der Maison du Savoir um Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg, Sall 4.300 stattfanne wäert.       -> Den Ordre du Jour vun der AG fannt der hei! Wann der net selwer un der …

Continue reading