ALEP sicht Comitésmemberen!

Mir sichen dech! Léif Memberen, Mir sichen den Ament nei motivéiert Comitésmemberen (m/w/d) déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Dëst gëtt Iech d’Méiglechkeet Iech selwer an Är Iddien aktiv an der ALEP – Association Luxembourgeoise des Etudiants en Psychologie anzebrengen an eis Veräin ze ënnerstëzen. Verschidde Posten sinn am Moment op fir déi Dir Iech …

Continue reading

SLP Pecha Kucha Owend

De 12. Oktober war am Kader vun der nationaler Woch vun der psychescher Gesondheet ee Pecha Kucha Owend vun der Société Luxembourgeoise de la Psychologie (SLP) am Kinepolis Kierchbierg organiséiert ginn. Bei engem Pecha Kucha gi kuerz a knackeg Presentatioune gehalen déi just 6min40 daueren (20 Sekonne x 20 Slides). An dësem Fall hunn Betraffener a Professioneller Präsentatiounen zum Sujet …

Continue reading

De Studentebal

Och wann d’ALEP dëst Joer net beim Studentebal vun der ACEL vertrueden ass, wënsche mir alleguerten ee flotten Owend! –> don’t miss the date: Dëse Fréiden op der Wiss nieft dem P+R Bouillon!

ALEP Visitt: Praxis fir Psychech Gesondheet

D’ALEP invitéiert all ALEP Memberen op d’Visitt am PPG – d’Praxis fir psychesch Gesondheet ze Ettelbréck vum 16. Juli ab 16 Auer. D’Visitt ass geplangt a Presenz stattzefannen an d’Participantszuel ass op 15 limitéiert – maacht iech also séier bäi! Hei krit dir déi eemoleg Méiglechkeet mat erfuere selbstännege BeroderInne a TherapeutInne ze schwätzen a …

Continue reading

SIP 2022 – Tombola

Och des d’Joer huet eis de Springer Verlag mat flotte Psycho-Bicher verwinnt, déi dir op der Soirée gewanne kennt! Et wäert sou oflafen, dat jiddereen een Tombola Lous am Ufank vun der Soirée krit, an um Schluss 3 glécklech Gewënner gezu wäerte ginn, déi sech ee vun de Bicher aussiche kennen.

SIP Speaker 4: Pascal Recchia

Last but not least erzielt eis de Pascal Recchia eppes iwwert säin Alldag bei der POST, bei der en säit 2009 als Aarbechtspsycholog täteg ass. Ze sengen Aufgabe gehéiert et Interventiounen duerchféieren a professionell a vertraulech Hëllef ubidden ze kennen, mam Zil, psychosozial Risike präventiv virzebeien, psychesch Gesondheet ze erhalen an d’Aarbechtsbedingungen vun de Mataarbechter …

Continue reading